Haaptsäit

Vu WikiLovesMonuments
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Link: [[Special:MyLanguage/Main Page]]
In other languages anglais | allemand | français | luxembourgeois | néerlandais
DE | EN | FR | LB | NL
Twitter Page
Wëllkomm bei   Wiki Loves Monuments
dem Foto-Concours iwwer klasséiert Monumenter an der Belsch an zu Lëtzebuerg

Wiki Loves Monuments ass e Concours, bei deem jidderee matmaache kann, andeems e Fotoe vu klasséierte Monumenter op Wikimedia Commons eropluet fir datt se op Wikipedia gebraucht kënne ginn.

2010 ass dëse Concours eng éischte Kéier an Holland organiséiert ginn. 2011 war dat an enger 17 europäesche Länner, an zejoert, wéi och dëst Joer, ass dat doruechter op der ganzer Welt, wéi d'Kaart hei riets weist. D'Konzept besteet doranner, am September 2014 sou vill wéi méiglech Fotoe vun esouvill wéi méiglech verschiddene Gebaier an Objeten eropzelueden, déi op den offizielle Lëschte vun de klasséierte Monumenter an der Belsch an zu Lëtzebuerg agedroe sinn, an se esou fir jiddereen zougänglech ze maachen. D'Lëschte sinn op dësem Site hei ze fannen.

All Biller ginn ënner enger fräier Lizenz op Wikimedia Commons eropgelueden, fir datt se sou an Zukunft jidderengem, fir all Zwecker, zur Verfügung stinn. Wikimedia Commons ass déi Online-Multimediabibliothéik, déi ënner anerem d'Mediendateie vun alle Sproocheversioune vu Wikipedia stockéiert a verwalt.

Dee ganze September 2014 duerch hutt Dir d'Méiglechkeet, méiglechst vill Biller vu klasséierte Monumenter eropzelueden. Är Biller brauchen net onbedéngt am September selwer opgeholl ginn ze sinn, se musse just dann eropgeluede ginn, fir kënne beim Concours matzemaachen. Um Enn vum Concours gin déi Biller vun enger Jury erausgesicht, déi dat jeweilegt Objet am beschten erëmginn. D'Fotografe vun deene Fotoen, déi gewonnen hunn, kréie bei enger Zeremonie, zu där jiddereen invitéiert ass, dee matgemaach huet, e Präis an eng Distinctioun iwwerreecht.


Jo!    ech wëll matmaachen >>>


D'Sint-Janshuis-Millen zu Bruges D'Kierch Saint-Jean-Baptiste zu Wavre D'Buerg Klierf
Sint-Janshuis-Millen
zu Bruges
Kierch Saint-Jean-Baptiste
zu Wavre
d'Buerg Klierf
Kaart vun der Belsch a Lëtzebuerg



Biller vu Monumenter, déi net am September eropgeluede goufen, oder Biller vu soss Sujete kënne leider net beim Concours matmaachen, sinn awer natierlech ëmmer wëllkomm!
Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Lauréaten
Gallerie vun den neie Biller
Sprooch
Geschirkëscht