Organisation
Aus WikiLovesMonuments
De Foto-Concours Wiki Loves Monuments an der Belsch an zu Lëtzebuerg gëtt vu Wikipedia-Benotzer a verschiddene Sproochversiounen organiséiert. D'Zil vun der Wikipedia ass et, eng fräi Enzyklopedie an all Sprooch opzebauen. Dëse spezifesche Projet – a Form vun engem Foto-Concours – huet als Zil, Biller vu klasséierte Monumenter an deene Länner jidderengem zur Verfügung ze stellen an d'Artikelen op Wikipedia mat Billermaterial ze beräicheren..
De Foto-Concours Wiki Loves Monuments leeft vum 1. September bis den 30. September 2012.
Reegelen
- D'Fotoe solle wärend dem Concours nëmme vun hirem eegene Fotograf eropgeluede ginn;
- D'Fotoe mussen ënner enger fräier Lizenz publizéiert ginn, am léifsten ënner CC-BY-SA 3.0;
- Déi fotograféiert Monumenter mussen am Domaine public sinn, d.h. hiren Auteur (Architekt, Sculpteur, Schëpfer vu faarwege Fënsteren) muss viru méi wéi 70 Joer gestuerwe sinn.
- Wann d'Bild eropgeluede gëtt; muss d'Nummer vum Monument (just fir d'Belsch) a seng Beschreiwung ugi ginn;
- Der musst eng valabel E-Mail-Adress op Ärem Konto bei Wikimedia Commons registréiert hunn;
- D'Decisioune vum Jury sinn definitiv a kënnen net contestéiert ginn;
Beschreiwungen (an Nummeren) vun de Monumenter sinn op dëse Lëschten ze fannen.
Jury
...
Präisser
Vun alle Biller ginn déi fofzeng Bescht vun enger Jury ausgewielt.
...