Difference between revisions of "Organisation/lb"

From WikiLovesMonuments
Jump to: navigation, search
(Reegelen: to translate)
Line 10: Line 10:
 
== Reegelen ==
 
== Reegelen ==
 
* D'Fotoe solle wärend dem Concours nëmme vun hirem eegene Fotograf eropgeluede ginn;
 
* D'Fotoe solle wärend dem Concours nëmme vun hirem eegene Fotograf eropgeluede ginn;
*D'Fotoe mussen ënner enger fräier Lizenz publizéiert ginn, am léifsten ënner CC-BY-SA 3.0;  
+
*D'Fotoe mussen ënner enger fräier Lizenz publizéiert ginn, am léifsten ënner CC-BY-SA 3.0;
 +
<!-- translate in Lb -->
 +
* The photographed monuments have to belong to the public domain, that is their architect must have died for more than 70 years.
 
*Wann d'Bild eropgeluede gëtt; muss d'Nummer vum Monument (just fir d'Belsch)  a seng Beschreiwung ugi ginn;  
 
*Wann d'Bild eropgeluede gëtt; muss d'Nummer vum Monument (just fir d'Belsch)  a seng Beschreiwung ugi ginn;  
 
*Der musst eng valabel E-Mail-Adress op Ärem Konto bei Wikimedia Commons registréiert hunn;  
 
*Der musst eng valabel E-Mail-Adress op Ärem Konto bei Wikimedia Commons registréiert hunn;  
Line 16: Line 18:
  
  
Beschreiwungen (an Nummeren) vun de Monumenter sinn op <span class="plainlinks">[http://www.wikilovesmonuments.be/w/index.php?title=Lists_of_monuments/lb&setlang=lb dëse Lëschten]</span> ze fannen.  
+
Beschreiwungen (an Nummeren) vun de Monumenter sinn op <span class="plainlinks">[http://www.wikilovesmonuments.be/w/index.php?title=Lists_of_monuments/lb&setlang=lb dëse Lëschten]</span> ze fannen.
  
 
== Jury ==
 
== Jury ==

Revision as of 12:14, 6 September 2011

Link: [[Special:MyLanguage/Organisation]]
In other languages English | German | French | Luxembourgish | Dutch
DE | EN | FR | LB | NL

De Foto-Concours Wiki Loves Monuments an der Belsch an zu Lëtzebuerg gëtt vu Wikipedia-Benotzer a verschiddene Sproochversiounen organiséiert. D'Zil vun der Wikipedia ass et, eng fräi Enzyklopedie an all Sprooch opzebauen. Dëse spezifesche Projet – a Form vun engem Foto-Concours – huet als Zil, Biller vu klasséierte Monumenter an deene Länner jidderengem zur Verfügung ze stellen an d'Artikelen op Wikipedia mat Billermaterial ze beräicheren..


De Foto-Concours Wiki Loves Monuments leeft vum 1. September bis den 30. September 2011.

Reegelen

  • D'Fotoe solle wärend dem Concours nëmme vun hirem eegene Fotograf eropgeluede ginn;
  • D'Fotoe mussen ënner enger fräier Lizenz publizéiert ginn, am léifsten ënner CC-BY-SA 3.0;
  • The photographed monuments have to belong to the public domain, that is their architect must have died for more than 70 years.
  • Wann d'Bild eropgeluede gëtt; muss d'Nummer vum Monument (just fir d'Belsch) a seng Beschreiwung ugi ginn;
  • Der musst eng valabel E-Mail-Adress op Ärem Konto bei Wikimedia Commons registréiert hunn;
  • D'Decisioune vum Jury sinn definitiv a kënnen net contestéiert ginn;


Beschreiwungen (an Nummeren) vun de Monumenter sinn op dëse Lëschten ze fannen.

Jury

  • Dirk Van Esbroeck
    Den Dirk ass e Wikipedia-Benotzer, schonns 30 Joer laang Amateurfotograf, Member vum Bond Verantwoorde Natuurfotografie (Bond Verantwortungsbewosst Naturfotografie) a vum Fotoclub KunstLigt zu Wachtebeke.
  • Tijl Vereenooghe
    Den Tijl ass Administrateur vun erf-goed.be. Dës sammelt, änlech wéi dës Wiki-Loves-Monuments-Aktioun, Biller vu klasséierte Monumenter a Flandern.
  • Michiel Hendryckx
    De Michiel ass e flämesche Pressefotograf Produzent vun Televisiounsprogrammer, wéi „De bende van Wim“ an „Het Bourgondisch complot“.
  • Luc Viatour
    De Luc ass ee vun den aktivste Benotzer op Wikimedia Commons. Hien huet do Dosende vun exzellente Biller eropgelueden (Iwwersiicht).

Präisser

Vun alle Biller ginn déi fofzeng Bescht vun enger Jury ausgewielt.

  • Éischte Präis: en Tablet (iPad 2 oder Samsung Galaxy Tab 10.1) oder e Bong vu 450.-Euro
  • Zweete Präis: e Bong vun 200.- Euro
  • Drëtte Präis: e Bong vun 100.- Euro
  • Véierte bis fënnefte Präis: e Bong vun 50.- Euro
  • Sechste bis fofzéngte Präis: e Pak Bicher, gestëft vum VIOE

Ausserdeem kréien d'Fotografe vun deene 15 beschte Biller e Wiki-Loves-Monuments-T-Shirt mat hirem Bild drop geschéckt, an e Zertifikat vum Jury.

Mir soen eise Partner a Sponsoren Merci, déi et erméiglechen, de Fotografen esou flott Präisser kënnen ze ginn. Eng Iwwersiicht fannt Dir op: Partner a Sponsoren.

Dir kënnt wielen tëscht engem Bong vu Media-Markt, Fnac oder Coolblue.